Skip to main content

Symposium LTPES 2025

| News LU

Déi 4. Editioun vum Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmmen Sport? Sport, méi ewéi nëmmen Beweegung?” vun Elisabeth, dem INAPS - Institut national de l'activité physique et des sports,dem  Institut de formation de l'Education nationale - IFEN, GIMB, der LASEP an dem LTPES am LTPES war erëm ee grousse Succès. De Symposium huet sech nees mam Wierkungsgeflecht vu Beweegung a Sport am Kontext vun der ganzheetlecher Entwécklung bei ganz klenge Kanner, bei Kanner a bei Jugendlechen auserneen gesat, mam d'Zil, d’Akteuren am Beräich vun der Beweegungsförderung ze ënnerstëtzen.

De Schwéierpunkt luch dëst Joer op den Themen Zirkus-, Outdoor- an Erliefnespädagogik. D’Keynotespeaker Steven Desanghere a Vincent Wouters ewéi déi ca. 15 parallel Workshopen op jeeweils 3 Plagen ware spannend a motivéierend. Och wann d’Wierder et net zougelooss huet, datt alles ewéi geplangt stattfanne konnt, esou huet déi an edukative Kontexter verlaangte Flexibilitéit, déi vun bal 200 Participanten un den Dag geluet ginn ass, et erlaabt, dee ganze Symposium trotzdeem zu engem groussen Erfolleg ginn ze loossen. All Präsentatiounen a Workshops hu gewisen, wéi eng flott a wichteg Roll Zirkus-, Outdoor- an Erliefnespädagogik am Beräich vun der Beweegungsförderung spillen.

Passend zum Thema Zirkus hunn d’Emilie an de Finn de Symposium duerch immens anspruchsvoll Zirkuspräsentatiounen ënnert der Leedung vum Jorge Pinto agerummt.

Jidderengem, deen do war, ee grousse Merci! Mir gesinn eis an engem Joer erëm😉.