Skip to main content

Info-Zenter Demenz Austausch

D'1GED12 hat am Musekscours vun der Madamm Schmartz e flotten Austausch mat der Madamm Lommel vum  Info Zenter Demenz iwwert den Afloss vu Musek bei Leit mat enger Demenz.

Merci fir des interessant Informatiounen zu dësem wichtegen Thema.

  • Hits: 49

Fit for Future 2026

Eis Terminale-Klassen hunn e leschten Donneschdeg, den 30. Abrëll, en Abléck kritt, wéi hire Wee nom Ofschloss am LTPES weidergoe kann. Am Kader vum traditionelle „Fit for Future“ haten si d’Geleeënheet, sech mat Fachleit auszetauschen a wäertvoll Ablécker an d’Aarbechtswelt an an d’Studiewelt ze kréien.

Ob praktesch Atelieren oder inspiréierend Virträg – de Programm war villfälteg a fir jidderee beräicherend. Bei dëser Editioun konnte mir esou vill Intervenanten ewéi nach ni begréissen – dat motivéiert eis a mir freeën eis schonn op déi nächst Editiounen.

E grousse Merci un all déi engagéiert Intervenanten, déi dësen Dag esou wäertvoll gemaach hunn 🙌!
E weidere Merci geet un d’Personal aus dem Lycée fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung 💪.
An natierlech och e grousse Merci un eis motivéiert Studentinnen a Studente fir hiert Engagement. Mir si frou, datt si wäertvoll Informatioune sammele konnten, déi hinne bestëmmt hëllefen, eng gutt Entscheedung a Bezuch op hir Zukunft ze treffen🎓✨.

  • Hits: 56

Liichtathletik-Training mat de Special Olympics an der Coque

En Dënschdeg, den 28. Abrëll, ware weider 6 Schüler/innen vun der 1SGED01, begleet vun hirer Prof., der Madame Weber, am Kader vum Fach „PEALS“, bei den Special Olympics Luxembourg um Liichtathletik-Training an der Coque. D’Schüler/innen hunn do net nëmme gehollef, mee och selwer aktiv matgemaach.

Sou stoung z. B. bei der Laf-Statioun en „200m Sprint - 100m Sprint - 200m Sprint“ um Programm.


E grousse Merci geet un d’Madamm Liliane Spielmann (SOL Liichtathletik, Coque) souwéi un d’Madamm Romy Bertemes (SOL entraînement général, École Privée Sainte-Anne). Si hunn et eis erméiglecht, hiren Training an d’Athleten vun Special Olympics Luxembourg kennenzeléieren an esou eng wäertvoll a wichteg Erfahrung ze maachen.

  • Hits: 93

"Liesen a Liewen am Däischteren" 2026

Am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur, déi dëst Joer ënnert dem Thema "Liesen a Liewen am Däischteren" stoungen, huet d'Bibliothéik vum LTPES e Freideg, den 24. Abrëll 2026 eng Sensibiliséierung iwwert visuell Beanträchtegung organiséiert. An Zesummenaarbecht mam Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) goufen zwee Atelieren organiséiert, un deenen d'Schüler:innen vun de Klassen 1SGED01 an 1SGED02 deelgeholl hunn.

De Workshop iwwer Orientéierung a Mobilitéit huet sech drop konzentréiert, wéi een de Leit mat visuellen Beanträchtegungen kloer Richtungsinformatioune gëtt an hinnen hëlleft, sech an hirer Ëmgéigend ze orientéieren.
Den zweeten Workshop war der taktiler Erfuerschung gewidmet, an d'Schüler hunn taktil Materialien kenne geléiert, déi zum Beispill an de Schoulen als Alternativen zu Texter, Biller a Kaarten benotzt kënne ginn.

D'Workshops waren esou konzipéiert, datt d'Schüler aktiv matmaache konnten, fir selwer d'Schwieregkeeten a Barrièren ze erliewen, mat deenen Leit mat enger visueller Beanträchtegung konfrontéiert sinn, an ze léieren, wéi een hinnen hëllefe kann.

Mir wëllen dem CDV Merci soen fir d'Organisatioun vun dëse beräichernde Sensibiliséierungs-Workshops!
Zousätzlech huet eis Bibliothéik d'Thema vun der visueller Beanträchtegung de ganzen Dag iwwer ervirgehuewen an de Schüler d'Méiglechkeet ugebueden, een taktilen Memory op der Plaz auszeprobéieren.

  • Hits: 114

Liichtathletik-Training mat de Special Olympics an der Arena vun der Coque

Den Dënschdeg, den 21.04.26, hunn 7 Schüler/innen vun der Klass 1SGED01, begleet vun der Madame Weber, um Liichtathletik-Training vun de Special Olympics an der Arena vun der Coque deelgeholl, dëst am Kader vum Fach „PEALS“.


D'Schüler/innen hu souwuel aktiv matgemaach wéi och den Traineren op de verschiddenen Liichtathletik-Statiounen eng Hand mat ugepaakt. Dës Athleten/innen vun de Special Olympics hunn eis, wéi schonn d’Athleten/innen déi Woch virdrun an der École Privée Sainte-Anne, mat gudder Laun empfaangen an hunn och hei gewisen, wéi wichteg hinnen hiren Training ass, fir sech ze bewegen, awer och fir hir Frënn erëmzegesinn.


Et war e flotten an beräichernden Training fir jiddereen, deen dobäi war.

  • Hits: 156