Gëschter hu mir eis Schüler/innen offiziell fir d'neit Schouljoer begréisst!
Eis nei Schülerinnen hunn direkt mat enger Schoul-Rallye ugefaangen – eng flott a spilleresch Geleeënheet, fir d’Gebai ze entdecken, d’Servicer kennenzeléieren an nei Kontakter ze knüpfen.
Et war en erfollegräiche Start mat vill Virwëtz, Teamgeescht a Freed. E grousse Merci un all déi matgemaach hunn a fir déi schéi Momenter gesuergt hunn!
Vum 7. bis den 11. September 2025 hu fënnef Enseignantë vum LTPES un enger Formatioun am Camp des Milles deelgeholl, enger Plaz vun Erënnerung a Geschicht zu Aix-en-Provence.
Déi fréier Zillefabrick gouf fir d’éischt an en Internéierungslager an duerno an en Deportatiounslager ëmgewandelt. Méi wéi 10.000 Leit goufen do internéiert, ronn 2.000 an nationalsozialistesch Lager deportéiert.
Am Kader vun dëser Formatioun hunn d’Participant(inn)en iwwer d’Urspréng vum Rassismus an dem Antisemitismus nogeduecht, souwéi iwwer verschidde méiglech Forme vum Widderstand géint Ënnerdréckung. Zousätzlech hunn d’Enseignanten didaktescht a pädagogescht Material kritt, wat hinnen erméiglecht, dës Theemen an hiren Unterrecht z’integréieren, souwuel wéi bei anere Geleeënheeten, z. B. dem Holocaust Remembrance Day, deen an eisem Lycée organiséiert gëtt.
Wéinst der Omnipresenz vun den digitale Bildschiermer ass d‘Beweegung ee weesentlecht Element fir d'deeglecht Gläichgewiicht ze fërderen. Et stäerkt och d‘sozial Interaktiounen an d'Entwécklung vu wichtegen anere Fäegkeeten.
Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsfërderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.
D'Editioun vum Symposium vun dësem Joer konzentréiert sech op Zirkus- an Outdoor- an Erliefnëspädagogik. D'Participante kënne vun zwou Keynote-Virliesungen an enger breeder Pallette vu praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten iwwert déi sënnvoll Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten aus de genannte Beräicher profitéieren.
Um Programm stinn Aktivitéiten a verschiddene Kontexter mat an ouni spezifesch Ariichtungen (Bësch, Wiss, Sportshal, Schoulhaff an aner Ausseberäicher vu Schoulen, Beweegungsraum, Klassesall, Zirkushal) a weist op, wie beweegungsfërdernd Zirkus-, Outdoor- an Erliefnespädagogik sinn. Dobäi ginn och d‘sozial Kompetenzen implizit gefërdert, Grenzen ausgelot a Selbstvertrauen an domat Resilienz opgebaut.
Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.
Gëschter, den 09.07, war de leschte Schouldag fir d'Clija, DP2ED an 2GED-Klassen. Op engem Rallye duerch den LTPES a Bieréng konnten eis Schüler a Schülerinnen sech nach eng leschte Kéier op ënnerschiddleche Statiounen als Klass ënner Beweis stellen. 💪🏻
D'Mëttegpaus hu mir eng leschte Kéier all zesumme konnte bei engem gudde Barbecue verbréngen. 🌭
Am Kader vum Ofschloss vum Schouljoer huet de „PE - de Raum als drëtten Erzéier:in“ fir de séissen Ofschloss gesuergt🍦 an och d'Gewënnerklass 2GED03 🏆 mat engem Kino-Ticket belount. 🎞️🍿
Mir soen all de Klassen, den Enseignanten a jidderengem den eng Hand mat ugepak huet villmools Merci fir hiren Asaz a wënsche jidderengem eng schéi Summervakanz! ☀️🌴