Skip to main content

LTPES @ Schoulfoire 2024

An der Woch vum 22.04.2024 waren eis Schüler a Schülerinne vun den Terminale-Klassen nees am Asaz um Terrain an hunn als Guiden d’Schüler a Schülerinnen aus der Grondschoul duerch d’ Schoulfoire gefouert.

Ee grousse Merci un si alleguer, dass si den LTPES sou engagéiert a kompetent representéiert hunn!

Niewent hirem Engagement hunn eis Schüler a Schülerinnen och e richteg gudden Androck hannerlooss a sënn als Gewënner gekréint ginn.

Op follgende Linke kënnt dir d’Gewënner Videoe vun den Terminal-Klassen 1SGED05 an 1SGED07 gesinn.

1SGED05 : https://youtu.be/tQSD_kuoxJk

1SGED07 : https://youtube.com/shorts/IRS4aHx7HjU?feature=share

D‘BD déi dir hei als pdf erofluede kënnt ass vun de Gewënner, der 1SGED10 & 1SGED12 gemaach ginn.

Gléckwonsch u si all!

Fotoe fannt dir op eiser Facebook-Säit.

  • Hits: 23

Rapport annuel okaju

D'Direktioun vum LTPES huet de 15.4.24 un der Presentatioun vum Rapport annuel vum okaju deelgeholl.

Vill ganz wichteg Chantieren, déi ee groussen Impakt op déi edukativ a sozial Aarbecht hunn, sinn am Rapport festgehalen.

  • Hits: 60

Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung

Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen zu Lëtzebuerg presentéiert d’Pascale Engel de Abreu an hier Equipe vum Grupp fir Sozio-Emotional a Kognitiv Entwécklung op der Universitéit Lëtzebuerg hire Fuerschungsprojet HERO. HERO ass déi éischt landeswäit quantitativ Studie, déi sech mat der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher beschäftegt, déi an Heemer a Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg opwuessen, och als Friemënnerbréngung bekannt. Am Joer 2023 goufen zu Lëtzebuerg eng 1.400 vulnerabel Kanner a jonk Erwuessener ausserhalb vun hire Familljen ënnerbruecht.

E Placement ass eng Mesure, bei der Kanner a Jugendlecher an d’Ophutt vum Staat geholl ginn, deen domadder d’Verantwortung fir hir gesond Entwécklung dréit. Allerdéngs weist d’international Fuerschung kloer, dass et ee méi héije Risiko vun Entwécklungs- a psychesche Problemer bei Kanner gëtt, déi placéiert goufen. D’Promotioun vun der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher a Friemënnerbréngung ass en zentraalt Uleies vun der Kannerschutzpolitik. Fir effektiv Interventiounen a Präventiounsmesurë fir vulnerabel Kanner a Jugendlecher ze entwéckelen, ass e bessert Verständnis vun de Facteuren néideg, déi d’mental Gesondheet an d’Entwécklung beaflossen.

An Zesummenaarbecht mam Lycée technique pour professions éducatives et sociales an dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

 

Mellt Iech elo u fir e Bléck an déi spannend Thematik vun HERO zu werfen! 🧠📚

Datum: 20.03.2024
🕑 Umeldung: https://bnl.public.lu/.../2024/friemennerbrengung.html
📍 Locatioun: Bibliothèque nationale du Luxembourg

  • Hits: 775

Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung

Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/-trice-Formatioun zu Lëtzebuerg huet de Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales (LTPES) an Zesummenaarbecht mam OKAJU den 20. Mäerz 2024 d’Konferenz "Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung" an der Nationalbibliothéik (BnL) organiséiert.

D‘Prof. Dr. Pascale Engel de Abreu an hir Equipe vum Groupe de développement socio-émotionnel et cognitif vun der Uni Lëtzebuerg hunn hire Fuerschungsprojet HERO virgestallt. E grousse

Merci un d’Nationalbibliothéik an un déi immens zalräich Participanten.

  • Hits: 269

2GED12 goes Europaparlament

D'Schüler*innen vun der 2e GED 12 haten d'Chance eng Visite ze maachen am Europaparlament zu Stroossbuerg an d'Tilly Metz (Déi Gréng), eng vun de Lëtzebuerger Europadéputéierten, bei hirer Aarbecht ze erliewen. Am Kader vun hirer sozio-politescher Bildung konnten déi zukünfteg Erzéier*innen esou hautno erliewe wat Participatioun an Demokratie bedeiten.  

Sie konnte beobachte wéi d'Europaparlament funktionéiert a wéi eng Wäerter hannert den europäeschen Institutioune stiechen. Duerch den Austausch mat der Madame Metz konnten si och novollzéie wat fir eng Wichtegkeet d'Europäesch Unioun an eisem deegleche Liewen huet.

  • Hits: 356