Skip to main content

Porte Ouverte 2026

Den LTPES huet seng Dieren e leschte Freideg fir Iech opgemaach, a mir hate grousse Succès!

Et huet eis gefreet, esou vill Leit begréissen ze dierfen, déi eis Schoul a Programmer kenneléiere wollten. Eis Direktioun huet mat zwee informative Presentatiounen d’Eegenaart an d’Schouloffer vun eisem Lycée virgestallt a gläichzäiteg de Visiteuren en Abléck an eise Lycée ginn.

E grousse Merci geet un all eis Enseignanten, déi mat vill Engagement a Kreativitéit hir Fächer op spannend Manéier presentéiert hunn.

E spezielle Merci geet och un d’Mataarbechter_innen aus eiser Administratioun an aus eise Servicer esou wéi un eis Conciergen, déi sech all mat vill Asaz ëm den Empfank, d'Organisatioun an d’Informatiounen zu den Aschreiwungen, zu dem ganze peri- a parascolaire Beräich an de Prises en chargen gekëmmert hunn. Natierlech wëlle mir och eis Elterecomité, S & S an Schülerkommitee ervirhiewen, deen d'Visite guidée mat vill Engagement iwwerholl huet an eise Gäscht en eenzegaartegen Abléck an de Schüler_innen-Alldag ginn huet.

Mir freeën eis drop, Iech am nächste Schouljoer nees bei eis begréissen ze dierfen!

  • Hits: 37

Table ronde ANCES

Als Fachverband mat iwwer 45 Joer Erfarung huet d’ances a.s.b.l. en Dënschdeg, den 3 Mäerz 2026, mat enger interessanter Table ronde e Bléck zréck op 50 Joer Educateurs- an Educatriceformatioun geworf.

Zesumme mat Gäscht aus dem soziale Secteur gouf d'Entwécklung vun der Educateurs- an Educatricenausbildung iwwer d'Jore retracéiert an d'Erausfuerderungen fir d'Zukunft diskutéiert. Den LTPES war an dëser flotter Ronn duerch seng Directrice, d’Madame Claudine Muller, vertrueden.

Den LTPES war och am Publikum gutt representéiert: D'ganz Direktioun esou wéi eng ganz Rei Membere vum Schoulpersonal ware present an hunn aktiv un der Diskussioun deelgeholl.

 

  • Hits: 159

Cookie Day mat der Klass CCP Intégration vum CNFPC

E groussen MERCI un d’Klass CCP Intégration vum CNFPC!

Fir hiren Asaz a Engagement beim Cookie Day fir den LTPES hunn si als Merci eng flott Photocollage vum Event zeréckkritt.
Eng schéin Erënnerung un eng Aktioun, déi Solidaritéit, Zesummenhalt an Engagement gewisen huet. Bravo!

Merci am Viraus

  • Hits: 272

Holocaust-Gedenkdag

Am Kader vum Holocaust-Gedenkdag huet den LTPES e Moment vum Austausch a vum Erënneren organiséiert an d’Madamm an den Här Cukier-Jakubowicz empfaangen, Zeie vun der zweeter Generatioun vun der Shoah.

Duerch androcksvoll Erzielungen iwwer d’Leed, dat hir Familljen am Zweete Weltkrich hu missen erliewen, konnten ongeféier honnert Schülerinnen a Schüler sech de dramatesche Realitéite méi no bréngen, déi d’jiddesch Communautéit ënner dem nationalsozialistesche Regimm erlieft huet.

Dës Temoignagen hunn engem dacks éischter theoretesch behandelte, tragesche Kapitel vun der Geschicht eng mënschlech a gräifbar Dimensioun ginn. D’Begéinung huet domat e wichtege Moment vun der Reflexioun a Sensibiliséierung duergestallt an d’Schülerinnen a Schüler dozou ugestouss, iwwer d’Konsequenze vun Haass, Ausgrenzung a Vergiessen nozedenken. 

Foto9

Foto3

Foto4

Foto5

Foto7

Foto10

Foto11

Foto 12

  • Hits: 347

Don fir d'ASA asbl

Op eiser Personal-Chrëschtféier gouf och dëst Joer nees fläisseg fir e gudden Zweck gesammelt. Dobäi konnt souguer en neie Rekord opgestallt ginn: Insgesamt sinn 3.400 Euro zesummekomm.

Mir hu bewosst d’ASA asbl als Beneficiaire ausgewielt, well mir am LTPES selwer schonn d’Chance haten, duerch d’ASA asbl en Assistenzhond – d’Saga – finanzéiert ze kréien.

Vertrieder vum Comité de la Conférence hunn de Scheck mat grousser Freed un d’ASA asbl iwwerreecht a freeën sech, esou e wichtege Projet kënnen z’ënnerstëtzen.

  • Hits: 348