Skip to main content

Besuch vum Minister Claude Meisch am LTPES

| News LU

Den 13. Mäerz huet de Minister Claude Meisch eis, am Kader vu senger Tournée „Bildung am Dialog“, am LTPES besicht. Hie konnt sech e Bild vun eisem „Lieu de vie“ maachen, deen de Schülercomité zesumme mat eisem SSE an enger flotter Presentatioun virgestallt hunn. Duerno huet de Minister eng Psychomotorik-Stonn materlieft. D’Schüler an d’Schülerinne vun der 1GED13 hunn, mat hirer Enseignante, der Madamm Bianca Dos Santos Batista, dem Här Meisch gewisen, wéi een e Parcours fir Kanner vu 6 bis 12 Joer opbaut, deen och wärend der Stonn getest gouf. Sou konnt den Här Minister Claude Meisch en Abléck an d’Studien an an de Beruff vun dem Erzéier/ der Erzéierin kréien.