Skip to main content

50. Anniversaire vun der Educateuren- an Educatricenausbildung

| News LU

Ënnert dem Titel „50 Joer Erzéien als Beruff“ organiséieren de Lycée Technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) an d’association nationale des communautés éducatives et sociales (ances) zesummen wärend dem aktuelle Schouljoer verschidden Eventer fir de 50. Anniversaire vun der Educateuren- an Educatricenausbildung ze feieren. Tatsächlech geet déi offiziell Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen zu Lëtzebuerg op d‘Schouljoer 1973-1974 zréck.

An deem Kontext war den 20. Februar 2024 am Mierscher Kulturhaus eng akademesch Sëtzung ënnert dem Haut Patronage de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse an a Präsenz vum Här Claude Meisch, Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse. Wärend der Séance académique konnten d'Gäscht déi verschidde kënschtleresch Talenter vun den aktuellen an ehemolegen LTPES Schüler a Schülerinnen an Enseignanten kenneléieren, besonnesch an de Beräicher Theater, Danz a Musek.

Den Owend gouf ofgeschloss mat engem konviviale Moment, ville flotte Gespréichen an engem Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Miersch. Mir wëllen vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir all deene Leite ee grousse Merci ze soen, déi duerch hiren Engagement zum immensen Erfolleg vun dësem Owend bäigedroen hunn.