D'Aféierung vun der offizieller Ausbildung fir Educateuren zu Lëtzebuerg geet Hand an Hand mat der Ausschaffung vum Gesetz iwwert d'"Création d'instituts et de services d'éducation différenciée" 1973. De 50. Anniversaire vun der Educateurs- an Educatricen-Formatioun gëtt dofir am Schouljoer 2023-24 gefeiert.
D'Grënnung vum Institut d’études éducatives et sociales (IEES) geet zréck op d'Adoptioun vum Gesetz vum 6. August 1990 iwwert d'"Organisation des études éducatives et sociales". Dëst Gesetz war souwuel d'Resultat vun enger laanger an wiesselvoller Entwécklung ewéi och e villverspriechenden, usprochsvollen an erausfuerdernden Ausgangspunkt fir d'Entwécklung vun enger zolitter Ausbildung fir d'sozialpädagogescht Personal. Verschidde Perioden kënnen an der Entwécklung vun der pädagogescher a sozialer Aarbecht a besonnesch och vun den entspriechenden Ausbildungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg ënnerscheet ginn.
Déi éischt Formatiounsinitiativen fir sozio-edukatiivt Personal zu Lëtzebuerg staamen aus de fréien 1970er Joren. Vum Enn vum Zweete Weltkrich bis Ufank vun den 1970er Joren huet sech d’Situatioun vun der Action éducative et sociale zu Lëtzebuerg doduerch charakteriséiert, datt, mat Ausnam vun de Léierinnen an de Schoulmeeschteren an der Primärschoul an de Proffen am Enseignement secondaire esou wéi de Kindergärtnerinnen ("maîtresses de jardin d'enfants"), eng proffessionnell edukativ Aarbecht duerch qualifizéiert Personal praktesch net existéiert.
1973 huet d'Ausbildung vum sozio-pädagogesche Personal dank dem Ediff's-Gesetz ugefaangen. Dëst Gesetz grënt offiziell d'Bildung fir Kanner mat engem Handicap mental, sensoriel oder caractériel (Terminologie vun deemools) zu Lëtzebuerg. Et geet also och drëm, en Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d’éducation différenciée (IFEM) ze creéieren, deem seng Haaptaufgab et ass, d'Éducation différenciée mat Personal ze versuergen, dat speziell ausgebilt ass, fir d'"instituteurs spéciaux" an d'"institutrices spéciales" an hirem Bildungsoptrag bei Kanner mat engem Handicap ze ënnerstëtzen.
Déi entspriechend Formatioun gëtt an zwou Sektiounen organiséiert. Engersäits d'Sektioun fir d'Ausbildung zum "moniteur d’éducation différenciée", fir déi ee fënnef Joer Secondaire erfollegräich ofgeschloss muss hunn fir zougelooss ze ginn, op där anerer Säit d'Sektioun fir déi zukünfteg Educateuren an Educatricen, fir déi een de Premièresexamen muss hunn, fir zougelooss ze ginn. A béide Fäll dauert d'Formatioun zwee Joer, wobäi Stage a Cours'en um IFEM sech ofwiesselen.
An der zweeter Halschent vun den 1970er Joren hunn d’Beräicher vun den Foyeren an de Maisons d'accueil, souwéi Foyers de jour a Crèche fir netbehënnert Kanner a Jugendlecher eng beandrockend Entwécklung erlieft. Generell manifestéiert sech de Besoin u qualifizéiertem Personal an zueleméisseg méi, mä och méi ënnerschiddleche sozio-edukative Beräicher. Esou ginn d’Missioune vum IFEM méi grouss a beschränken sech net méi nëmmen op d'Wëssens- a Kompetenzvermëttlung am Beräich vun der Aarbecht mat behënnerte Kanner. D’Programmer gi stänneg adaptéiert, entspriechend der Erweiderung vun den Handlungsberäicher vun de Moniteurs d’éducation différenciée an den Educateuren.
An der Mëtt vun den 1980er Joren hunn Moniteurs d’éducation différenciée an Educateuren an Instituter fir behënnert Kanner, a Centres de propédeutique professionnelle, a Kanner- a Jugendheemer, Crèchen, a Maisons d'éducation, a Prisongen, a Fräizäitzentren fir Kanner a Jugendlecher an an Internater geschafft, fir der nëmmen e puer vun deene villen ënnerschiddlech Aktivitéitsberäicher ze nennen. Déi politesch Decideuren kommen also net derlaanscht, fir ee Bewosstsäin ze entwéckelen fir déi déifgräifenden Ëmwälzungen am edukativen an am soziale Secteur an esou kuerzer Zäit.
1990, no laangen an turbulenten Debatten, gëtt endlech d'Gesetz iwwert d'"Organisation des études éducatives et sociales" gestëmmt. Dëst ass och d'Grënnung vum "Institut d'études éducatives et sociales" (IEES). D'Bezeechnungen vun den Ofschlëss "moniteur d'éducation différenciée" an "éducateur" ginn an "éducateur" respektiv "éducateur gradué" ofgeännert. D'Längt vun derFormatioun gëtt vun zwee op dräi Joer fir Vollzäitausbildung verlängert a vu véier op sechs Joer fir d'Deelzäitausbildung. Den IEES kritt d'offiziellt Mandat fir d'Weiderbildung vun alle berufflechen Acteuren am sozial-pädagogesche Beräich ze garantéieren.
Déi primär Aufgab, déi der Educateursausbildung dem Gesetz no zougesprach gëtt, besteet doranner, eng polyvalent Formatioun, déi op d'Aarbechtsliewen virbereet, unzebidden. Dës Villsäitegkeet vun der Formatioun mécht den Erzéier zu engem Generalist vun der pädagogescher a sozialer Aarbecht. Am Géigesaz zu der Formatioun vum Educateur ass am leschte Studiejoer vum "éducateur gradué" eng Spezialisatioun virgesinn.
Zënter 1990 gi weider Adaptatioune gemaach, déi elo haaptsächlech d'Sektioun vun der Educateursausbildung betreffen. Wéi d'Gesetz vun 1990 gestëmmt gouf, huet d'Chamber eestëmmeg eng Motioun ugeholl, déi seet, datt am Fall vun engem positiven Avis d'Equivalenz vun den Diplomer vum Lycée Technique an der Educateursausbildung soll festgehale ginn. Dës Equivalenz gëtt schlussendlech 1995 am Kader vum Gesetz vum 11. Januar 1995 iwwer d'"Reorganisatioun vun den écoles publiques et privées d'infirmiers et d'infirmières" agefouert. D'Educateursausbildung kritt zousätzlech eng zweet Finalitéit: d'Virbereedung op Unisstudien.
Integratioun vun de Studien zum "Éducateur gradué" an d'Uni Lëtzebuerg a Créatioun vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales.
En anere wichtege Schrëtt gouf zënter 2003 gemaach. D'Etude vum Éducateur gradué ginn an d'Uni Lëtzebuerg integréiert an d'Formatioun vum Éducateur gëtt vun deem nei ze grënnende "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" iwwerholl. Dat heescht, den "Institut d'études éducatives et sociales" (IEES), deen 1990 offiziell gegrënnt gouf an sech zënterhier ganz zolidd entwéckelt hat, stellt säi Betrib am Laf vum Joer 2005 an.
De "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" (LTPES) gëtt mam Gesetz vum 10. August 2005 gegrënnt.
De 27. Abrëll 2022 ass d'Amicale vun de Frënn vum LTPES gegrënnt ginn. D'Associatioun dréit den Numm: Kollegen an Alumni aus der sozial-edukativer Ausbildung zu Lëtzebuerg, d'Ofkierzung ass: KASAL.
All fréier Schüler*innen a Student*innen, all Mataarbechter*innenn a fréier Mataarbechter*inne vum LTPES, dem Institut pour études éducatives et sociales (IEES), dem Institut de formation pour éducateurs et monitrices (IFEM) an all Schüler*innen a Student*inne vum LTPES, déi interesséiert sinn, sech op iergendeng Manéier un der Ëmsetzung vun den Zisetzunge vum Veräin ze bedeelegen, kënne Member ginn.
D'Associatioun huet folgend Ziler:
D’Aféierung vun der offizieller Educateursausbildung zu Lëtzebuerg geet Hand an Hand mat der Ausschaffung vum Ediffs-Gesetz (loi la loi portant création d’instituts et de services d’éducation différenciée) am Joer 1973. De 50. Anniversaire vun der Formatioun vun den Educateuren an Educatricen gëtt dofir am Schouljoer 2023-24 gefeiert. De Programm vun de Feierlechkeeten gëtt sou séier wéi méiglech hei publizéiert.
Réorganisation et règlement des bureaux de bienfaisance. (Arrêté royal grand-ducal du 11 décembre 1846, N° 2442) → futurs offices sociaux. → article 21 : méthodes et moyens
Institution d'une inspection des établissements de charité et des prisons de l'État (Arrêté royal grand-ducal du 11 décembre 1846, n° 2443)
À partir de 1855 Recours de l’État luxembourgeois aux congrégations d’obédience catholique dans les domaines des hôpitaux, des maisons d’enfants et de la prise en charge de populations vulnérables
1855 Création de l’Hospice Central à Ettelbruck « pour des indigents exigeant un traitement isolé ou particulier, pour des malheureux affectés de maladies contagieuses, exceptionnelles, incurables, pour des aliénés et pour ceux qui seraient entièrement privés de famille » (circulaire gouvernmtl.du 29.2.1846) « En janvier 1867 il y avait à l’hospice 27 enfants abandonnés arrêtés en état de vagabondage… » (Maison de Soins Ettelbruck 1855-1955, p. 17)
Ab 1856 werden die Waisenkinder bei den Franziskanerinnen unterrichtet. 1865: Verlegung der Mädchen in die neue Einrichtungen der FranziskanerInnen in Itzig. Im Jahre 1865 kaufte Frau Pescatore das "Haus Richard" in Itzig und vermachte es den Franziskaner-schwestern als Wohnheim für Waisenkinder. Durch die vorangegangene Choleraepidemie, der viele Erwachsenen zum Opfer fielen, stieg die Zahl an Waisenkinder stark an.
„Nach dem Umzug der Strafgefangenen im Jahre 1869 in den heute (immer) noch belegten Bau der Neumünsterabtei, diente das Gebäude der Firma Salberg bis 1891 als Schuhfabrik. Danach beherbergte es bis 1941 die ehemalige Knaben-erziehungsanstalt („d'Winnschoul").“ (Quelle : ons_stad_15-1984)
Kinderarbeitsschutzgesetz « sur le travail des enfants et des femmes dans les usines, ateliers, fabriques et manufactures » begrenzt den Arbeitseinsatz von Kindern (mit Primärschulabschluss) unter 14 Jahren auf acht Stunden und der 14- bis 16-Jährigen auf 10 Stunden. → Verschlechterungen 30. Mai 1883
L'institut des sourds-muets, dont la création a été autorisée par la loi du 28 janvier 1880, est établi à Luxembourg (Rham, Grund).
La loi scolaire de 1881 oblige l’Etat à assurer le droit à l’instruction de chaque enfant. (« Lex Kirpach»)
« Hospice civil et orphelinat : Après le départ de la garnison prussienne et le démantèlement de la forteresse en 1867, les casernes du Rham sont libérées de leur fonction militaire.
Schaffung der ersten « Crèche de Luxembourg » auf Initiative der „Oeuvre de la Protection de l’Enfance“ um Marie Munchen und Auguste Ulveling. (seit 1938 ist die Crèche de Luxembourg auf Plateau Altmünster). Weitere folgten im Land, wie bspw. am 1.10.1893 der erste Kindergarten (jardin d’enfants) in Rumelange.
Auguste Ulveling publie le livre sur la « protection de l’enfance ». «… Cependant, à notre avis, le système à leur [aux enfants] appliquer devrait être plutôt éducatif que répressif, parce que ces enfants sont généralement plutôt malheureux que vicieux.»
Auf Grundlage unterschiedlicher Quellen zusammengestellt von Ch.Schmit (2013-2018).
Hinweise zur Ergänzung und Vervollständigung gerne an Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!